« Michel Majerus - Next Step »
D'Klassen 1GSO1 an 1GSO2 waren de 24.11.25, am Kader vun hirem Cours Arts et Culture, mat hire jeweilegen Enseignanten Cindy Di Nicolo a Stéphanie May, an a Begleedung vum Här Michel Kohl an der Madame Conny Mérenne de Film “Michel Majerus - Next Step” (Samsa Film) an de Kulturhuef zu Gréiwemaacher kucken.
D'Séance selwer hat ca. eng Stonn gedauert. No der Projektioun konnten d'SchülerInnen nach eng hallef Stonn mat der Realisatrice Anne Schiltz iwwert dem Kënschtler säi Wierk, d'Recherchen an d'Dréiaarbechten dozou, an awer och iwwert hiren eegene beruffleche Parcours diskutéieren. D'SchülerInnen, déi eng Rei ganz interesséiert Froen un d'Réalisatrice haten, hunn dee Moie sécherlech hir Allgemengwëssen am kulturelle Beräich erweidert.
Den Dokumentairefilm, den 2021 rauskoum, portraitéiert de Kënschtler Michel Majerus, den de 4. November virun 23 Joer beim Luxair-Accident ëm d'Liewe koum. Dofir gi säit enger Rei Joren déi divers Facette vu sengem Wierk op internationalem Niveau beliicht, wat dozou geféiert huet, dat och den Interessi fir dëse ganz gelongene Film gewuess ass. E krut 2023 de lëtzebuerger Filmpräiss.
De SchülerInnen hir zweet Semesteraufgab an der Arts et Culture baséiert op dem Inhalt vu "Next Step": Bild- an Textelementer aus der digitaler Konsumwelt nei an enger Acrylmolerei mat expressive Pinselstrécher kombinéieren, mam Ziel, dës Aarbechten zesummen am Lycée auszestellen.
Op des Manéier liewt dem Michel Majerus säi Wierk weider, d'SchülerInne setzen hei de "nächste Schrëtt".